Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg - SMAL

Directioun: Romain KRAUS - President: Marc THILL

Up SMAL-Eis Équipe Concerts SMAL Prouwen / Répétit. Ecole de musique Newsletter Chronik SMAL Instrument Favorite Links Sitemap


Up


Dirigentewiessel bei der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg (SMAL)

An hirer Generalversammlung huet d’SMAL op dat lescht Joer zréck gekuckt : Prouwen, Concert-ën uechter d’Land, Sprangprëssëssioun zu Iechternach, Organisatioun vun der « Journée de l’Accordéon ». Déi finanziell Situatioun vum Veräin ass gesond ; d’Keess gouf exemplaresch gefouert.

Am Comité goufen d’Mandater vum Raymond Mahnen (President) a vum Guy Schmit erneiert, an de Romain Kraus ass well neie Member. De Fernand Buchholtz ass Vizepresident, de Brice Junius Tresorier an d’Monique Buchholtz-Feitler Member vum Comité.

De President huet am Numm vun allen Aktiven dem Här Felix Hausemer, deen aus gesondheetlechen Uersaachen ophällt, villmools merci gesot an him eng Plakett iwwerreecht.

De Felix Hausemer huet 1942 mam Accordéon beim Albert Moes, Grënner vun der SMAL, ugefaang. Zënter 1976, wéi den Här Moes him den Dirigentestaw iwwergin huet, ass den Här Hausemer Dirigent vun der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg, diem eelsten Accordéons-Orchester hei am Land.

Der Traditioun trei huet den Här Hausemer bei der Geleeënheet vun deser Generalversammlung d’Baguette un de Romain Kraus iwwerreecht, dee selwer net nëmmen aktiv ass am Accordéons-Orchester, mee och an der Bartrénger Musek.

Bei enger gudder Schlippchen an engem gehärzte Maufel huet de Veräin dem Felix Hausemer gratuléiert fir seng Ernennung zum Éirendirigent an dem Romain Kraus fir seng Promotioun zum Dirigent.

D’SMAL emfielt sech, fir och op Ärem Fest, Bazar oder bei enger anerer Geleeënheet mat engem Bouquet bekannte Melodien Ärem Public e kuerzweiligen Nomëtteg oder Owend ze bidden.

Artikel 09.03.2011 am Luxemburger Wort

http://www.mywort.lu/centre/5986655.html


De Comité : 2011-03-04_00001.jpg (173527 bytes) 2011-03-04_00002.jpg (174696 bytes) 2011-03-04_00003.jpg (173430 bytes)
Monique Buchholtz-Feitler, Felix Hausemer Brice Junius, Raymond Mahnen, Fernand Buchholtz Brice Junius, Raymond Mahnen, Fernand Buchholtz, Guy Schmit
D'Musikanten : 2011-03-04_00004.jpg (173343 bytes) 2011-03-04_00005.jpg (159186 bytes) 2011-03-04_00012.jpg (183080 bytes)
Romain Kraus, Rosa Moreira Pinto, Jean Daleiden, Benny Schmit Irène Goergen-Nau, Romain Kraus, Rosa Moreira Pinto, Jean Daleiden Felix Hausemer, Benny Schmit, Claude Seiler, Jean Daleiden
De Felix Hausemer hält no 35 Joer Dirigent bei der SMAL op. Hien ass vun elo un Éirendirigent. 2011-03-04_00006.jpg (155089 bytes) 2011-03-04_00007.jpg (182257 bytes) 2011-03-04_00008.jpg (188411 bytes)
2011-03-04_00009.jpg (160245 bytes) 2011-03-04_00011.jpg (146879 bytes) 2011-03-04_00010.jpg (179311 bytes)
De Felix iwwergëtt d'Leedung vum Orchester un de Romain Kraus : 2011-03-04_00013.jpg (183212 bytes) 2011-03-04_00014.jpg (161993 bytes) 2011-03-04_00015.jpg (194145 bytes)

 

Home ] Up ] SMAL-Eis Équipe ] Concerts SMAL ] Prouwen / Répétit. ] Ecole de musique ] Newsletter ] Chronik SMAL ] Instrument ] Favorite Links ] Sitemap ] [ E-mail Kontakt ]

Last update 28/03/2011 12:20 /         © dL + rK  - Luxembourg